ESPERANTO? Wat ass dat?

Eng iwwernational Sprooch,
déi et méi liicht mécht, fir Mënschen mat verschiddene Mammesproche sech matenaner ze verstännegen. Schons e Jorhonnert laang huet sech d'Esperanto am Alldag als eng komplett a lieweg Sprooch erwisen, an däer sech mat Liichtegkeet alles ausdrécke léisst.
Iwwernational an neutral:
D'Esperanto gehéiert kengem bestëmmte Land oder Vollek. Duerfir beviirdeelegt et och keng Kultur, déi duerwengsder aner iwwertrompe kéint. D'Esperanto gehéiert alle Mënschen, déi et schwätzen, a schléit Brécken tëscht de Kulturen.
Esperanto ass liicht!
Wengt senger einfacher a logescher Grammär, wengt der Liichtegkeet, Wierder aus aneren zesummenzesetzen a wengt sengem internationale Wuertschatz as d'Esperanto eng vun deene liichste Sprooche vun der Welt. Wëssenschaftléch Studien hun ergin, datt d'Esperanto bis zu zingmol méi einfach ze léieren ass, wéi aner Sproochen.

Wat kann d'Esperanto Dir bréngen ?

... Frëndschafte schléissen
an dat iwwerall op der Welt, zum Beispill durch Bréiffrëndschafte mat Leit aus anere Länner a Kulturen. Wee gäeren op d'Rees geet, dee ka vum  "Pasporta Servo" profitéieren - e Verzeechnes vun iwwer 1000 Adressen vun Esperantisten a méi ewéi 70 Länner, déi bereet sin, aner Esperantospriecher fir näischt bei sech opzehuelen an hinnen hir Stat oder Heemecht ze weisen.
... U Festivaler deelhuelen
wéi d'Esperanto-Weltkongresser, d' Jugend-Weltkongresser a villen aneren, déi duerchter d'Joer an alle méigleche Länner stattfannen. Si sin ëmmer ërem en onvergiesslécht multikulturellt Erliewnes fir jiddereen, deen dorun deelhëllt.
... Eppes iwwer aner Kulture gewuer gin
an zwar op eng wierkléch iwwernational Art a Weis. D'Esperanto huet eng räich Literatur an alle Stilrichtunge virzeweisen - nët nëmmen Iwwersetzungen, mee och Wierker, déi original an Esperanto verfaasst gi si vun Auteurën aus alle Kontinenter a Kultuurkreeser. Et gët eng ganz Rutsch vun Zäitschrëften a Radiosemissiounen op Esperanto, an net zulescht och eng breet Theater- a Musikskultur...

Wéi kanns Du Esperanto léieren?

Coursën
bitt zum Beispill d'Lëtzebuerger Esperanto-Assoziatioun (LEA) zweemol am Joer un - eng Kéier am Summer an eng Kéier am Hierscht. Doriwwer eräus gët et och Weekend-intensivcoursën zu Nanzeg oder zu Homburg. Eng gutt Geleenheet, eemol an d'Esperanto eranzeschnoffelen, sin och Internetcoursën, wéi déi vun der franséischer Esperanto Jugendorganisatioun.
Kontaktéier einfach
d'Letzebuerger Esperanto-Assoziazioun (LEA) oder dë Rotterdamer Bureau vum Esperanto-Weltverband (UEA) bzw. vum Weltverband vun der Esperanto-Jugend (TEJO).
Mir hëllefen Dir gäere weider:
Letzebuerger Esperanto-Assoziazioun (LEA)
1, rue de Kehlen, LU-8394 Olm
[email protected]
Esperanto-Weltverband (UEA)
Nieuwe Binnenweg 176, NL-3015 BJ Rotterdam
[email protected]
Weltverband vun der Esperanto-Jugend (TEJO):
Nieuwe Binnenweg 176, NL-3015 BJ Rotterdam
[email protected]
Esperanto.Net
Esperanto-Informatiounen am Internet

 

index | chat

 

 
Hosted by www.Geocities.ws

1