DINNER FOR ONE
Op Lëtzebuergësch
James: Gudden Owend, Joffer Sophie, gudden
Owend.
Joffer Sophie: Gudden Owend, James.
James: Dir gesitt denowend ganz gudd aus, Joffer Sophie.
Joffer Sophie: Majo, ëch fille mëch och vill besser, merci,
James.
James: Gudd, gudd.
Joffer Sophie: Ech muss son, dass alles schéin ausgesäit.
James: Merci villmols, Joffer Sophie, merci.
Joffer Sophie: As jiddereen hei?
James: Effektiv, sin se, jo. Jo... Se sin alleguerten hei fir
Äre Gebuertsdag, Joffer Sophie.
Joffer Sophie: Sin all fënnëf Plazen besat?
James: Se sin all besat, wéi ëmmer.
Joffer Sophie: De Sir Toby?
James: De Sir Toby, jo, hien sëtzt hei dëst Joër, Joffer
Sophie.
Joffer Sophie: Den Admiral von Schneider?
James: Den Admiral von Schneider sëtzt hei, Joffer Sophie.
Joffer Sophie: Den Här
Pommeroy?
James: Den Här Pommeroy hun ëch fir Iech heihinner gesat.
Joffer Sophie: An mäi ganz léiwe Frënd, den Här Winterbottom?
James: Riets vun Iech, wéi der ët gefrot haat, Joffer Sophie!
Joffer Sophie: Merci, James. Dir däerft elo d’Zopp zervéieren.
James: D’Zopp, merci villmols, Joffer Sophie, merci. Se waarden
all op Iech. En bëssen Mulligatawny-Zopp, Joffer Sophie?
Joffer Sophie: Ech
hun d’Mulligatawny-Zopp extra gär, James.
James: Jo, ëch weess dat.
Joffer Sophie: Ech mengen, mir drénken
Sherry bäi der Zopp.
James: Sherry bäi der Zopp, jo... Ah, iwwregens, déi selwecht
Prozedur wéi d’lescht Joër, Joffer Sophie?
Joffer Sophie: Déi selwecht Prozedur wéi all Joër, James.
James: Selwëcht Prozedur wéi all Joër, James...
Joffer Sophie: As dat hei en drëchenen Sherry, James?
James: Jo, e ganz drëchenen Sherry, Joffer Sophie... ganz
drëchen. Direkt aus dem Keller, haut de moien, Joffer Sophie.
Joffer Sophie: Sir Toby!
James: Cheerio, Joffer Sophie!
Joffer Sophie: Admiral von Schneider!
James: Ad... Muss ëch dat dëst Joër son, Joffer Sophie?
Joffer Sophie: Nëmmen, fir mir ze gefalen, James.
James: Nëmmen fir Iech ze gefalen. Ganz gudd, jo, jo... Skol!
Joffer Sophie: Den Här Pommeroy!
James: Schént neit Joër, Sophie!
Joffer Sophie: An de léiwen Här Winterbottom!
James: Majo, hei sin mer erëm, aalt geléiwtent...
Joffer Sophie: Dir däerft elo den Fësch zervéieren.
James: Fësch. An der Rei, Joffer Sophie. Huet d’Zopp Iech
geschmaacht?
Joffer Sophie: Se war herrlëch, James.
James: Merci, Joffer Sophie, ëch si frou, dass se Iech
geschmaacht huet. En bëssen Schellfësch aus der Nordsee, Joffer Sophie.
Joffer Sophie: Ech mengen, mer drénken wäisse Wäin bäim Fësch.
James: Wäisse Wäin bäim Fësch? Déi selwëcht Prozedur wéi
d’lescht Joër, Joffer Sophie?
Joffer Sophie: Déi selwëcht Prozedur wéi all Joër, James!
James: Jo...
Joffer Sophie: Sir Toby!
James: Cheerio, Joffer Sophie, mäi Meedchen...
Joffer Sophie: Admiral von Schneider!
James: Oh, muss ëch, Joffer Sophie?
Joffer Sophie: James, wannëcheglift, wannëchglift...
James: Skol!
Joffer Sophie: Den Här Pommeroy!
James: Schéint neit Joër, Sophie Meedchen!
Joffer Sophie: Den Här Winterbottom!
James: Du gesäis méi jonk aus wéi soss, mäi Léift! Méi jonk wéi
soss! Ha, ha, ha...
Joffer Sophie: Zervéiert wannëchglift de
Poulet!
James: Ja ...
Joffer Sophie: Dat gesäit awer no engem ganz feine Vugel aus!
James: Dat as e schéinen Po ... Pö ... Poulet, dat son ëch
Iech, e schéinen ...
Joffer Sophie: Ech mengen mer drénken Schampes bäim Vugel!
James: Schampes, ja... Ssssselwëchet, selwëcht Prozedur wéi
d’lescht Joër, Joffer Sophie?
Joffer Sophie: Déi selwëcht Prozedur wéi all Joër, James!
James: Sophie, mäi Meedchen ...
Joffer Sophie: Admiral von Schneider!
James: Muss ëch, Joffer Sophie?
Joffer Sophie: James!
James: Schkolll!
Joffer Sophie: Den Här Pommeroy!
James: Schéint neit Joër, Sophie, Meedchen...
Joffer Sophie: Den Här Winterbottom!
James: T’ as eent vun den schéinsten klengen Fraleit... hic...
eent vun den schéinste klenge Fraleit, dat jeemols geliewt, dat jeemols geliewt
huet... Ech erklären de Basar lo fir op! Wëllt Der e bëssen Uebst?
Joffer Sophie: Ech mengen mer drénken Porto bäim Uebst!
James: Oh, ... nee! S...elwëcht Prozedur wéi d’lescht...
Joffer Sophie: Jo, déi selwëcht Prozedur wéi d’lescht Joër,
James!
James: ..............................!!!
Joffer Sophie: Sir Toby!
James: Zocker moies fréi, Zocker...
Joffer Sophie: Admiral von Schneider!
James: Schkolll!
Joffer Sophie: Den Här Pommoroy!
James: Pardon, Madame, pardon.
Joffer Sophie: Den Här Winterbottom!
James: Huuuhhh, ëch bréngen déi Kaz lo ëm!
Joffer Sophie: Also, James, ët war eng wonnerbar Party!
James: Jo, ët war ganz schéin.
Joffer Sophie: Ech mengen, ëch zéien mëch elo zeréck.
James: Gitt Der an d’Bett?
Joffer Sophie: Jo.
James: Sëtzt Iech, ëch hëllëfen Iech op, Madame.
Joffer Sophie: Wéi scho gesot, ëch zeíen mëch zeréck...
James: Jo... jo. Iwwregens, déi selwëcht Prozedur wéi d’lescht
Joër, Joffer Sophie?
Joffer Sophie: Déi selwëcht Prozedur wéi all Joër James!
James: Majo dann, ëch wäert mäi bescht man!